Zu Lëtzebuerg liewen esou vill Migranten ewéi a kengem anere Land an Europa. All zweete Bierger besëtzt eng auslännesch Nationalitéit.
Dës aussergewéinlech Entwécklung ass op d’Awanderung zeréckzeféieren, déi sech parallel mam wirtschaftlechen Opschwong vum Land entwéckelt huet. Am Ufank huet d’Stolindustrie vill Italiener a Portugisen op Lëtzebuerg gelackelt. Spéider koume vill Fransousen, Belsch a Briten an eist Land, déi vum Finanzsecteur ugezu goufen. Dëst huet dozou gefouert dass haut d’Bevëlkerung vun ongeféier 590.000 Awunner aus méi ewéi 47 % Net-Lëtzebuerger besteet.
A kengem Land op der Welt liewen déi national an auslännesch Bevëlkerung esou harmonesch zesummen ewéi zu Lëtzebuerg, an dorobber si mir besonnesch houfreg.