Izet, 50
Montenegro
Montenegro
Wéi laang sidd Dir schon am Land?
Ech sin schon seit 1997 hei zu Letzebuerg.
Firwat hutt Dir äer Heemecht verlooss?
Ech hun se verlooss fir eng besser Aarbecht ze fannen.
Mat wiem sidd Dir op Lëtzebuerg geplënnert?
Ech sin alleng heihinner geplënnert.
Wat gefält Iech hei zu Lëtzebuerg besonnesch gutt?
Ech fannen hei alles ganz gutt. Wieder ass heinsto speziell mee soss ass alles gutt hei.
Wat gefält Iech zu Lëtzebuerg net esou gutt?
Also ech hun just schlecht Erfarung mam Gesetz mee soss ass alles ok.
Fillt Dir dech gutt hei am Land integréiert? Wa jo, wat hutt Dir missen dofir maachen?
Jo ,ech misst eigentlech naicht machen.
Wéi hutt Dir et empfonnt fir déi lëtzebuergesch Sprooch ze léieren?
Also et war elo nd sou schweier well ech et mat menger deemolser fra geleiert hun.
Wéilt Dir enges Daags erëm zeréck an Äert Land?
Nee, well ech hun mir elo hei eng kleng famill egrennt mee natierlech gin ech all Joer an den Vakanzen dohinner.