Nebal
Syrien
Syrien
Wéi laang sidd dir schon am Land?
Ech sinn schon 2 Joer am Land.
Firwat hutt dir äert Heemecht verlooss?
Ëch hunn Syrien verlooss wéinst dem Krich, mäin eenzegen Brudder ass ëmbruecht ginn, eisen Haus ass Vernichtet ginn an Léit hunn ugefangen rassistesch ze ginn.
Mat wiem sidd dir op Lëtzebuerg geplënnert?
Ech sinn zu Lëtzebuerg mat menger Tante komm awer si ass zerreck an Däitschland gangen wëll sein Kand do wount an ech sinn héi alleng bliwwen.
Wat gefällt Iech hei zu Lëtzebuerg besonnesch gutt?
Ech huen et gär dass d’Léit hei Multicutural sinn an Sprooch. Et ass einfach fir ze resen.
Wat gefällt Iech hei zu Lëtzebuerg net esou gutt?
D’Wieder wëll ech vermëssen d’Sonn an wëll ech funn engem Land kommen dat Land vun der Sonn heescht.
Fillt dir iech gutt hei am Land integréiert? Wa jo, wat hutt dir missen dofir maachen?
Jo, ech fillen mech hei integréiert. Ech muss nach meng Fäegkeeten an den Sproochen entwéckelen.
Wéi hutt dir et empfonn fir lëtzebuergesch Sprooch ze léieren?
Ech hunn mat enger Lëtzebuergesch famill gewunnt wou ech e puer Wierder geleiert hunn. No dem ech feardeg mam Franzéichen sinn wëll ech Lëtzebuergesch leieren.
Wéilt dir enges Daags erëm zeréck an äert Land?
Nee, wëll all schéin Erënnerungen fort sinn wéinst dem Krich.