Olha, 38
Ukrain
Ukrain
Wéi laang sidd Dir / bass du schonn am Land?
Zënter 2001, also säit 17 Joer.
Firwat hutt Dir / hues Du deng Heemecht verlooss?
Et war eng Libesgeschicht, déi bis haut dauert. Ech war jonk an d’Entscheedung vir heihinner ze kommen, ass mer liicht gefall. Ech bereien et bis haut net.
Mat wiem sidd Dir / bass Du op Lëtzebuerg geplënnert?
Eemol, op engem Summerdag, ass mäin zukünftege Mann mech an d’Ukrain siche komm. Den nächsten Dag huet d’Aventure vu mengem neie Liewen ugefaangen.
Wat gefält Iech / dir hei zu Lëtzebuerg besonnesch gutt?
Et gëtt vill Saachen a Lëtzebuerg, déi mäin Häerz beréieren: Mier gefält d’Alstad mat hire klenge Gasen, Kasematten, Brécken a Flëss. Genausou schéin ass et iwwer Land, wou kleng Dierfer hire Charme hunn. D’Geschicht zitt hire roude Fuedem duerch ganz Lëtzebuerg, vum Süde bis an den Norden, vu méi grousse Stied bis a ganz kleng Dierfer. Wonnerschéi Wanderweeër duerch d’Natur, Fielsen, romantesch Buergen, Spure vum industriellen Zäitalter am Süden, d’Wäibierger, d’Kierchen a Kapellen… dat alles ass nëmmen e Brochdeel, vun dem wat Lëtzebuerg ze bidden huet.
Wat gefält Iech / dir hei zu Lëtzebuerg net esou gutt?
Naja, do muss ech schonn e bësschen iwwerleeën. Dat wär zum Beispill den ëffentlechen Transport Sonndes an op de Feierdeeg. De grousse Projete vun Neibaute kucken ech e bëssche skeptesch no: Do si schonn e puer Géigenden, wou mer net elo net méi spadséiere ginn, well d’Ëmfeld net méi dat nämmlecht ass, zum Beispill d’Cloche d’Or.
Wéi hutt Dir / hues du et empfonnt fir déi lëtzebuergesch Sprooch ze léieren?
D’Lëtzebuerger Sprooch ze léieren ass mer liicht gefall, well ech hat an der Schoul däitsch geléiert. Do hat ech scho vun Ufank un e gewësse Virdeel. An wéi d'Kanner bis do waren, an ech all Dag lëtzebuergesch héieren hunn, hunn ech selwer ugefaangen am Alldag ëmmer méi lëtzebuergesch ze schwätzen.
Fillt Dir / Fills du dech gutt hei am Land integréiert? Wat hutt Dir / hues du missen dofir maachen?
Ech fille mech hei gutt integréiert. Awer wéinst de ville Sproochen ass et hei zu Lëtzebuerg e bëssche méi schwéier, wéi villäicht an anere Länner. Ech hunn Lëtzebuergesch, Franséisch an Englesch geléiert, (dat huet mer awer Spaass gemaach) déi wichteg Traditioune kennegeléiert, d’Geschicht vum Land. Am Moment maachen ech eng berufflech Ausbildung, ech hoffen, dass ech mech iergendwann net méi vun engem gebiertege Lëtzebuerger ënnerscheeden, ausser villäicht mäin Akzent.
Wéilt Dir / Wéilts du enges Daags erëm zeréck an Äert / däi Land?
Ech kann net kategoresch nee soen, awer mäin ganzt Liewen ass mat Lëtzebuerg verbonnen. Ech liewe schonn de gréissten Deel vu mengem Erwuessenenliewen hei an eppes ass sécher: Mäin Häerz wäert fir ëmmer fir déi zwee Länner schloen.