Sabrina, 10
Italien
Italien
Wéi laang bass du schonn am Land?
Ech liewen säit Oktober 2017 hei am Land, dat sinn 4 Méint.
Firwat hues Du deng Heemecht verlooss?
Ech hu meng Heemecht verlooss, well mäi Papp hei eng Aarbecht fonnt huet.
Mat wiem bass Du op Lëtzebuerg geplënnert?
Ech si mat menger Famill heihinner geplënnert, dat heescht mat mengen Elteren a mengen 2 Schwësteren.
Wat gefält dir hei zu Lëtzebuerg besonnesch gutt?
D’Schoul gefält mer besonnesch gutt hei zu Lëtzebuerg. An Italien ass de Schoulsystem anescht, méi ustrengend mat manner Pausen. Obwuel et hei just 2 Méint Vakanz ginn amplaz 3 Méint an Italien, huet ee méi Vakanz iwwert d’Joer. Dat gefält mir besser!
Wat gefält dir hei zu Lëtzebuerg net esou gutt?
Mir gefält net esou gutt dass ech meng Frënn aus Italien net hei hunn, mee dorunner ass d’Land net schold.
Wéi hutt Dir / hues du et empfonnt fir déi lëtzebuergesch Sprooch ze léieren?
Ech ka leider nach kee Lëtzebuergesch.
Fills du dech gutt hei am Land integréiert? Wat hues du missen dofir maachen?
Jo, ech fille mech hei scho relativ gutt integréiert, meng Frënn hei loosse mech net am Stach a wann ech e Problem mat der Sprooch hunn, kréien ech ëmmer gehollef.
Wéilts du enges Daags erëm zeréck an Äert / däi Land?
Nee, nimools. Ech sinn immens gär hei. Italien ass zwar och schéin, mee am grousse Ganzen lieft et sech vill besser hei.