Jowi, 27
Griicheland
Griicheland
Wéi laang sidd Dir schonn am Land?
4 Joer
Firwat hutt Dir deng Heemecht verlooss?
Ech hunn eng besser Aarbecht gesicht, a vu dass ech scho Famill hei hat, war mer d’Entscheedung liicht gefall.
Mat wiem sidd Dir op Lëtzebuerg geplënnert?
Ech si mat menger Famill heihinner komm.
Wat gefält Iech hei zu Lëtzebuerg besonnesch gutt?
Ech fannen dass Lëtzebuerg am Verglach mat aner Länner gutt organiséiert ass. D’Liewensqualitéit ass hei besser.
Wat gefält Iech hei zu Lëtzebuerg net esou gutt?
Ech sinn Dänzerin a fannen éierlech gesot dass d’Konscht hei am allgemengen nach entwécklungsbedarf huet.
Wéi hutt Dir et empfonnt fir déi lëtzebuergesch Sprooch ze léieren?
Ech hu mech mat der Sprooch nach net esou beschäftegt, mee et ass och ok esou fir mech.
Fillt Dir Iech gutt hei am Land integréiert?
Et ass mer net schwéier gefall mech ze integréieren, well ech scho Famill a Kollegen hei hat.
Wéilt Dir enges Daags erëm zeréck an Äert Land?
Ech géif scho gären eng Kéier zeréck a Griicheland goen, mee esou laang et do all déi Problemer ginn net.