Maria, 38
Griicheland
Griicheland
Wéi laang sidd Dir schonn am Land?
6 Joer
Firwat hutt Dir Är Heemecht verlooss?
Mir wollten eigentlech zeréck an Däitschland bei meng Elteren zéien, mee schlussendlech si mir op Lëtzebuerg komm well d’Liewen hei besser ass.
Mat wiem sidd Dir op Lëtzebuerg geplënnert?
Ech si mat mengem Mann a mengen 3 Kanner heihinner komm.
Wat gefält Iech hei zu Lëtzebuerg besonnesch gutt?
D’Liewen ass hei méi einfach ewéi a Griicheland, et huet ee manner finanziell Suergen.
Wat gefält Iech hei zu Lëtzebuerg net esou gutt?
D’Wieder ass hei net esou schéin an ech vermëssen meng Frënn a Griicheland.
Wéi hutt Dir et empfonnt fir déi lëtzebuergesch Sprooch ze léieren?
Ech kann Däitsch an Englesch well ech fréier an Däitschland gelieft hunn, dofir ass et fir mech net esou schwéier d’Leit ze verstoen. Leider kann ech d’Sprooch nach ëmmer net richteg schwätzen.
Fillt Dir Iech gutt hei am Land integréiert? Wa jo, wat hutt Dir / hues du missen dofir maachen?
Jo, ech fille mech wuel hei am Land. Ech hunn dofir net vill misse maachen, vue dass ech hei vill Leit kennen.
Wéilt Dir enges Daags erëm zeréck an Äert Land?
Ech wéilt gären erëm eng Kéier zeréck a mäi Land, mee wéngst de wirtschaftlecheProblemer dohannen ass dëst leider méi schwéier.