Celia, 42
Portugal
Portugal
Wéi laang sidd Dir schonn am am Land?
Ech sinn schonn 25 Joer hei am Land.
Firwat hutt dir Är Heemecht verlooss?
Ech hunn Portugal verlooss , well mäin Mann schon zu Lëtzebuerg war.
Mat wiem sidd Dir op Lëtzebuerg geplënnert?
Ech sinn eleng hei hinner geplënnert, fir bei mäi Mann ze goen.
Wat gefält Iech hei zu Lëtzebuerg besonnesch gutt?
Mir gefält d'Natur vu Lëtzebuerg (Bëscher, Parken ...).
Wat gefält Iech hei zu Lëtzebuerg net esou gutt?
Wat mir net zu Lëtzebuerg gefält ass d’Klima, well et ganz fiicht ass an et ganz wéineg Sonn während dem Joer gëtt.
Fillt Dir iech gutt hei am Land integréiert? Wa jo, wat hutt dir missen dofir maachen?
Ech denken dass ech hei integréiert sinn. Als éischt hunn ech franséisch geléiert, hunn eng Aarbecht fonnt an dunn eng Famill gegrënnt.
Wéilt Dir enges Daags erëm zeréck an Äert Land?
Jo, mee réicht wa meng Kanner onofhängeg sinn an hiert eegent Liewen hunn.