Échos d'eLearners

Découvrez ce que nos anciens eLearners disent de l'eBac

Le témoignage de Zita TÜRK (juillet 2024)

Gudden Owend Herr Hoffmann,
Gudden Owend Herr Weicker,
Ech hoffen ed geet Iech gudd. 


Ech schreiwwen Iech fir Iech, der eBac Organisatioun, merci ze soen. 

Di zwee Joër am eBac hu mir eng ganz nei Perspektiv a virun allem eng nei Chance um Liewwe gebueden. 

Deemools hunn ech schwéier eng Léisung fir méng akademesch Situatioun fonnt, déi mir Parallel och erméiglecht hätt méng gesondheetlech Situatioun eecht ze huelen. 

Ech konnt dank Ärem Système nei Réussiten maachen a mech erëm Capable fillen, wat laang net méi de Fall war. 

Ouni ze vill an Detail ze goen, wollt ech Iech soen wéi vill dat fir mech bedeit huet, déi Chance vun Iech, ze kréien. 

Ech soen Iech aus gazem Häerzen merci, dass Dir eng Alternativ ubidt an domatt och mir, d’Méiglechkeet ginn hudd, mech erëm opzebauen an elo weider mäi Wee op der Uni, kënnen ze féieren. 

Dir hudd déi richteg Philosophie fir de Schüler Disziplin a Kompetenzen bäizebréngen a virun allem dat wat bei mir de Fall war : erëm Freed um Léieren ginn. 

Dofir soen ech a ganz grousse Merci an sinn dankbar main Bac bei Iech konnte gemaach ze hunn. 

Dir maacht eppes ganz cooles an ganz wichteges.

Béscht Gréiss, 

Zita 

Le témoignage de Rick OBERWEIS (avril 2024)

Le témoignage de Laurence CARIER (novembre 2023)

Merci un den eBac an déi vill léif Proffen. Ech hat mech entscheet den eBac ze maachen, nodeems ech schon eng Premiere geschriwwen hat, meng Moyenne awer net gutt genuch war vir mäin Dramstudium. Duerch den eBac konnt ech dat Ganzt dunn nach emol maachen a gläichzäiteg nirwenbei vill ënnerwee sinn ouni mussen an eng Schoul setzen ze goen. Dat wor natirlech immens praktesch an den Fakt sech selwer kennen ze organiséiere wéini een wat mecht huet mir och gutt gefall an d‘Motivatioun d‘Première nach emol ze maachen nëmmen bestäerkt. Dest ass natierlech just méiglech mat Proffen déi engagéiert waren zu all Moment op Froen ze äntweren an ëmmer beim klengste Problem hëllefsbereet waren, dofir och een grousse Merci un sie. 

Den eBac ass net nëmmen gutt wat dat schoulescht ugeet, mais och mënschlech gëtt een ënnerstëtzt, och nach nom Examen, wou ech zum Beispill op Nofro Ënnerstëtzung krut vir meng Bewerbungen op der Uni. D’Hëllefsbereetschaft trefft also voll an ganz op d‘Equipe vum eBac zou an ech kann jidderengem den eBac nëmmen recommandéieren, den op engem anere Wee seng Première maache well.  

Ech wenschen iech nach een schéinen Daag


Laurence Carier

Le témoignage de Gwendoline SCHWEICH (22 mars  2022)

Gudden Mëtteg, Herr Hoffmann,


Ëch wees nët op dir Ierch kënnt un mëch erënneren. Ëch war am ebac an hunn 2019 meng Première béi irch gepackt.

Ëch wollt Orch nach éng Kéier villmols merci soën, wëll den ebac war en ganz wichtëgen Pilier deen mëch am Liewen firun bruecht huet. Ëch hunn ëlo en Buch geschriwwen deen den 15/03/2022 eraus komm ass. Dëst wier alles ouni den eBac guer nët méiglëg gewierscht. Dofir soën ëch nach eng Kéier merci, wëll den eBac war den Ufank vun engem laangen Wëe deen nach komm ass an eben opch nët ferdeg ass. Ëch sinn gesond ginn, krut eng zweet chance an sinn erëm an d'Liewen komm. Dofir soën ëch Irch an den Profen déi mëch ënnerstëtzt hunn nach eng Kéier merci. Ouni déi ganz équipa an engagéierten Profen déi do mat geschafft hunn, wier ëch ëlo nët héi.

Am Anhang, schécken ech Ierch dann och nach eng Foto vun méngem Buch.


Léif Gréiss,


Gwendoline Schweich.

Le témoignage de Lori (22 septembre 2021)

Gudden Owend Monsieur,
ech hoffen Ierch geht ed gudd!

Heimat geif ech Ierch gären matdeelen, dass meng eBac Karrière elo zu Enn ass, well ech sait e Freideg erem am Kolléisch ugemellt sin, fir meng 1ère G an enger “normaler“ Schoul ze maachen. Ech hat mech jo deemols fir den eBac décideiert wei ed mir weinst mengen Dépressiounen nemmei méiglech war, all Daag opzestooen an an e Schoulgebei ze gooen.

Hett de Matteo Russo mea deemols ned vum eBac erzielt, wier ech elo warscheinlech nach emmer op der 3ème oder enzwousch am technique. Dank dem eBac konnt ech awer, a mengem eegene Rythmus, an trotz ville perséinleche Problemer, meng Schoul weider maachen.

Direkt den Daag vun der Versammlung wou dir jidderengem alles erklärt hud, wei den ebac fonctionneiert etc., as mer är Passioun fir är Arbescht opgefall, an dei huet sech a menge leschten 2 Schouljooeren definitiv bestätegt.

Ech well Ierch dofir vill vill villmools Merci sooen, dass dir esou en enorm léiwen an interesseierten Direkter fir mech wart. 

De fait dass mea Iech zu all Zait konnten uruffen, wann mir eng Froo haaten, dass dir fir eis mat Proffen geschwaat hud, wann ed e Problem gouf, dass dir bereed wart, eis alles onendlech ze erklären, bis mir eppes verstaanen hun, an dass dir esouguer ärt Haus zur Verfügung gestallt hudd, dass mea ned hu missen an den Norde rennen fir eng Prüfung noozeschreiwen; all daat ass de Géigendeel vu Selbstverständlech.

Ech sooen Ierch wieklech vun Härze Merci, dass dir mech esou ennerstetzt a respektéiert hudd, wei ech ed am néidegsten gebraucht hun. Ech hoffen ed ass Ierch bewosst, wei frou all Schüler am eBac mat Ierch ass, a wat fir eng wonnerbar Arbescht dir leescht.

Merci fir alles!
Allerléifste Gréiss,
Lori

Le témoignage de Noa NIES (bachelière, 26 octobre 2020)

Bonjour Monsieur Hoffmann,

Je tenais à vous écrire un e-mail ainsi qu'à tous les e-Teachers qui m'ont accompagné durant ces trois ans que j'ai passé à l'eBac afin de vous remercier.

Quitter mon lycée pour venir à l'eBac a de loin était une de mes meilleures décisions. Je n'aurais jamais pu en arriver là où je suis maintenant sans vous.

L'eBac m'a permis de vivre ma passion pour la danse pleinement. J'ai pu continuer ma formation et mes diplômes au Conservatoire de la Ville de Luxembourg tout en gardant mon éducation scolaire. L'année du bac, j'ai même pu partir dans une formation professionnelle de danse en Espagne, ce qui a naturellement était une opportunité extraordinaire pour moi! 

Je suis extrêmement reconnaissante d'avoir suivi mon éducation avec l'eBac. L'eBac m'a non seulement aidé sur mon plan professionnelle mais également personnel. Avant d'arriver à l'eBac, j'étais la plupart du temps submergé par l'angoisse et le stress ce qui sur le long terme n'aurait plus pu être mentalement et physiquement tenable pour moi...A l'eBac j'ai réussi à enlever ce poids parce que je n'étais tout simplement plus entouré d'une atmosphère compétitive et sous pression constante. Il me suffisait tout simplement d'avoir une démarche consciente et responsable. Je trouve que la relation entre eTeachers et élèves est également plus saine qu'à l'école "traditionnelle". Il y a un suivi personnel et soutien qu'on ne retrouve pas à l'école. Les eTeachers se sont également montrés très compréhensif et arrangeant afin de me soutenir dans mes projets artistiques.

Je vous remercie infiniment pour le soutien et l'engagement des eTeachers et je souhaite que la plateforme de l'eBac continue de se développer!

J'essaierai également de filmer une vidéo où j'explique tout cela si vous le souhaitez?:)

En vous souhaitant une très belle journée,

Mes sincères salutations,

Noa Nies

Le témoignage de Florian BOHNERT (mai 2020)

Le témoignage de Nadia ETTINGER (janvier 2019)

20190127_TemoignageEttingerNadia.mp4

Le témoignage de Christophe MIRKES (janvier 2019)

20190127_TemoignageMirkesChristophe.mp4

Le témoignage de Christophe WIRTGEN (janvier 2019)

20190210_TemoignageWirtgenChristopheMp4Final.mp4

Le témoignage de Michel BRAQUET (janvier 2019)

Le témoignage de Yannick BASTOS (janvier 2019)

20190210_TemoignageBastosYannickMp4Final.mp4

Le témoignage de Ben HAMES (bachelier, juin 2019)

Ecampus - ebac, 1re moderne G ; DAES ; Mod. Prép. a partagé une publication — merveilleusement bien.

54 min ·

E grousse MERCI un de Ben Hames fir déi verfréite Laudatio op den eCampus an den eBac. Merci awer och fir dat super perséinlech Resultat fir dat mir ganz besonnesch felicitéieren. (RW) 💻👨‍🎓💪🎉

Ben Hames

2 h ·

Ech hunn dëst Joer meng Première am eBac gemaach an och gepackt. Ech fannen et schued dass sou vill Leit nach ni vun dësem wonnerbaren Projet héieren hunn an dofir freeën ech mech dir den eBac no menger Erfarung bëssen virstellen ze kennen! Einfach gesot: am eBac mëscht een seng Première vun doheem aus ouni an d’Schoul ze goen. All d’Coursen ginn also fäerdeg online op eng Plattform eropgelueden an et kann een zu all Moment an iwwerall op der Welt op Dokumenter zréckgräifen. All 8 Wochen ass dann eng Prüfungswoch wou een an de Gebaier vum eCampus d’Prüfungen an de verschiddenen Fächer schreiwen muss (bis zum Examen sinn et insgesamt 4 Prüfungswochen), den Examen gëtt ganz normal am Athénée geschriwwen. Natierlech ginn et am eBac sou genannten ‘eTeachers’, wat usech normal Proffen aus verschiddenen Lycéeën am Land sinn, déi zu all Moment iwwer digital Medien eis Froen zum Cours beäntweren kennen. No 6 Joer konventionellem Lycée, wou ech leider ganz vill onpassionéiert, zynesch an onmotivéiert Proffen hat, hunn ech mech iwwert déi grouss Begeeschterung, Passioun an de Commitment vun der ganzer eBac’s Equipe gefreet. Ausserdeem gëtt een am eBac als Schüler mat deem néidegen Respekt behandelt an net duerch den iwwerdriwwenen Autoritéitsdrang vun verschiddenen Proffen kleng gehalen. An der Schoul hunn ech mech oft ausgebremst gefillt an hunn mech oft gefrot wat de Sënn vun verschiddenen Cours’en ass, am eBac konnt ech komplett a mengem Rhythmus schaffen an mech sou opdeelen wei ech et wollt. Wann een genuch Disziplin an Eegeninitiative huet, ass den eBac vum Zäitopwand sécher vill manner grouss wei an der Schoul.

Leider ass et esou, dass de Staat dëse Projet net wierklech ënnerstëtzt an dem eBac vill Steng an de Wee leet. Sou kritt all eBac Schüler d’Kannergeld systematesch refuséiert, wat a mengen An absolut keen Sënn ergëtt, mee deem sollt een sech bewosst sinn. De sozialen Aspekt spillt natierlech och eng grouss Roll: et huet een net zu all Moment seng Matschüler ronderëm sech an et muss een eben eleng leieren. Allerdéngs gewënnt een doduercher vill Zäit an där een onofhängeg vum sozialen Drock vill iwwert sech selwer léieren kann an déi een notzen kann fir qualitativ Zäit mat sengen Frënn an Famill verbréngen ze kennen. Mee dat ass eng ganz perséinlech Saach déi jiddereen fir sech selwer entscheeden muss. Ech sinn also frou den eBac gemaach ze hunn, well ech doduercher vill Zäit hat fir Saachen ze maachen, déi mech ausserhalb vun der Schoul interesséieren. Den eBac ass net fir jiddereen de richtegen Choix, mee eng mega Alternativ fir jiddereen deen sech an eisem Schoulsystem onwuel fillt oder deen vill Aktivitéiten/Passiounen niewent der Schoul huet. Méi Informatiounen iwwert den eBac fënns du op dem Website www.ecampus.lu, bei konkreten Froen kanns du mir natierlech och perséinlech schreiwen! 

:) Ecampus - ebac, 1re moderne G ; DAES ; Mod. Prép.

Le témoignage de Nicolas SCHMARTZ (janvier 2019)

Mein Numm ass Nicolas Schmartz an ech studéieren am Moment Droit op der Universitéit Lëtzebuerg. Ech hun am Schlouljoer 2015/16 meng Première op der eBac Klass gemach.

Mein Haaptargument fir - no 6 Joer klasseschem Lycée - an d’eBac Klass ze wiesselen war d’Méiglechkeet fir méi autonom schaffen ze kënnen.

Den Ënnerscheed tëscht dem eBac an dem klasseschen Schoulsystem ass nämlech, dass een am eBac vill manner Schoulstonnen huet an den System éischter op autonomen Léieren baséiert. Ergänzt gëtt dëst eegenstännegt Léieren mat regelméissegen Aufgaben an Schoulstonnen wou een mat den Proffen dann déi ganz Matière nachemol duerchschafft an reschtlech Froen geklärt kënnen gin. Dës Stonnen woren ëmmer immens produktiv vue, dass een sech schon am Viraus intensiv mat der Matière befaast huet an een eben an dëser Präparatioun gemierkt huet ob een alles selwer verstaanen huet oder ob et nach reschtlech Froen gin. 

Wann ech dës Erfahrungen elo mat mengen Erfahrungen vun der Uni vergleichen dann gesinn ech am System vum eBac enorm vill Parallèlen mam System deen een, zumindest wat den Droitsstudium op der Universitéit Lëtzebuerg betrëfft, ob der Universitéit vierfënnt. 

Meng positif Erfahrungen sollen awer elo nët heeschen, dass ech den klasseschen Schoulsystem grondleegend schlecht fannen. Ech denken, dass et einfach vun der Persoun ofhänkt an sin iwerzeegt, dass et souwuel Leit gin déi besser am klasseschen System zurechtkommen, wéi awer par contre  sécherlech och vill Leit déi an engem méi autonomen System méi produktiv schaffen.

An firwat sollt et schlecht sin zwee gudd Systemer unzebidden?

Divers autres témoignages

Gudden Mëtteg, Herr Hoffmann,


Ëch wees nët op dir Ierch kënnt un mëch erënneren. Ëch war am ebac an hunn 2019 meng Première béi irch gepackt.

Ëch wollt Orch nach éng Kéier villmols merci soën, wëll den ebac war en ganz wichtëgen Pilier deen mëch am Liewen firun bruecht huet. Ëch hunn ëlo en Buch geschriwwen deen den 15/03/2022 eraus komm ass. Dëst wier alles ouni den eBac guer nët méiglëg gewierscht. Dofir soën ëch nach eng Kéier merci, wëll den eBac war den Ufank vun engem laangen Wëe deen nach komm ass an eben opch nët ferdeg ass. Ëch sinn gesond ginn, krut eng zweet chance an sinn erëm an d'Liewen komm. Dofir soën ëch Irch an den Profen déi mëch ënnerstëtzt hunn nach eng Kéier merci. Ouni déi ganz équipa an engagéierten Profen déi do mat geschafft hunn, wier ëch ëlo nët héi.

Am Anhang, schécken ech Ierch dann och nach eng Foto vun méngem Buch.


Léif Gréiss,


Gwendoline Schweich.