Pets on Tour: En Hond an e Kueder maachen d'Haus onsécher

Bedéngt duerch d'Pandemie, hu mir all dëst Joer vill Zäit doheem a virun eisem Computer verbruecht. Dëst huet d'Megan an de Cian motivéiert, fir eng Geschicht ze schreiwen, déi net op dem fantastesche Bauerenhaff vum Superham an dem Blëtzpäerd spillt, mee doheem. D'Stare vun dëser Geschicht sinn dem Meg and dem Cian hir Hausdéieren, de Kueder Beethoven an den Hond Penny. Fannt eraus, wat si doheem stiichten, wärenddeem hir Besëtzer net do sinn...

D'Haptcharakteren aus der Geschicht:

De Beethoven

D'Penny

Wëllt Dir erausfannen, wat de Beethoven an d'Penny stiichten? Hei ass d'Geschicht:

Et ass fréi moies. An der Schlofkummer läit d’Penny um Buedem am Sonneliicht. De klengen Hond wëllt méi laang schlofen, mee de Beethoven ass scho wakereg an hie wëllt ronderëm lafen a spillen. De Beethoven spréngt vun der Heizung op d’Penny, dat jäizt esou haart dat de Beethoven sech ënnert dem Bett verstoppt. Zefridden, dat deen näischnotzege Kueder fort ass, spréngt d’Penny op d’Bett, fënnt d’Telecommande a schalt déi nei Tëlee un. De Beethoven héiert d’Tëlee a streckt säi Kapp lues a virsiichteg vun ënnert dem Bett eraus

'Beethoven, du bass wierklech lästeg,’ seet d’Penny him. ‘Wann s du wëlls spillen, da kanns du eleng spillen. Mee ech bleiwen hei fir déi nei Tëlee ze kucken an ze raschten.’

De Beethoven fronzt seng Stier a kraucht bei d’Dier, niewent där hie stoppt an op d’Penny kuckt. Hatt dréint säi Kapp ewech, direkt bei d’Mauer bis seng Nues déi geblimmelt Tapéit beréiert. De Beethoven keimt a leeft d’Trap erof. Nach bleift d’Penny um Bett. Mee da fillt hatt sech jalous. Kéint de Beethoven eppes Leckeres an der Kiche fonnt hunn? Oder villäicht huet de Kueder Spaass ouni hatt! Dat wëllt d’Penny guer net. Hatt rullt vum Bett an trëllt dem Beethoven no an d’Kichen.

An der Kiche stinn dem Beethoven a Penny hir Schosselen, voll mat Iessen. D’Penny schnoffelt - hatt huet am Moment keen Honger. D’Penny ass konfus well hatt de Beethoven net méi gesäit. Op ee Coup ditzt de Beethoven aus der Spënnchen eraus an deet d’Penny fäerten! Hie kickelt an ass amgaangen eppes z’iessen. Elo ass d’Penny hongereg - hatt wëllt dem Beethoven säin Iesse klauen a faucht nom Beethoven, dee fortleeft. Mee soubal d’Penny d’Iessen huet, ass d’Iessen him och schonn nees egal… De Beethoven steet nieft dem Frigo, wat dem Penny eng Iddi gëtt – et gëtt ëmmer leckert Iessen am Frigo an d’Penny huet Loscht op e Stéck Wurscht! Hatt schäert a schäert un der Dier, bis datt d’Dier opgeet. Do, um mëttelste Regal, glënnert en Teller mat klenge Scheiwe Wurscht drop, déi d’Besëtzerin eréischt gëschter bei engem exquisitten Traiteur kaf huet. Dem Penny leeft d’Waasser am Mond zesummen. Hatt wackelt mam Schwanz a spréngt fir d’Wurscht z'ergatteren. Mee nodeem hatt déi Scheif Wurscht gefriess huet, passéiert eppes ganz friemes…

Op ee Coup kritt d’Penny mega vill Energie. Hatt leeft séier wéi de Blëtzt an de Gaart wärend de Beethoveen an der Kiche stoebleift mat sengem Mond op. Am Gaart picken e puer Villercher am Vullenhaischen, mee si bleiwen net laang do well d’Penny verschäicht si! Hatt kläfft, bis si all fortgeflu sinn. An der Tëschenzäit ass de Beethoven an de Gaart erageschlach - hie wëllt onbedéngt wëssen, wat hei passéiert. Hie fronzt seng Stier (dat mécht de Beethoven oft) an ass net frou.

‘Penny! Wat méchs du do?’ freet hien d’Penny. ‘Normalerweis verschäichen ech d’Villercher…’

‘Pardon,’ kickelt d’Penny. ‘Ech hunn ze vill Energie! Weess du wat mir maache kéinten, fir vu menger Energie ze profitéieren?’

De Beethoven grinst. ‘Oh Penny, ech hu geduecht, du géif s ni froen! Säit laangem hunn ech ee Plang dee mat dem Büro ze dinn huet! Dofir kéint ech dech an deng Energie gutt gebrauchen. Als éischt: du muss mir hëllefen, an de Büro anzebriechen... D’Schlësselen hänken do an der Kichen un engem Krop, mee eleng kommen ech net drun.’

Duerch d’Kichefënster gesi si d’Schlësselen an der Luucht blénken. Zesumme jauwe si dohin.

***

E puer Minutte méi spéit, stinn d’Penny an de Beethoven virun der Bürosdier, d’Penny mat der Kludder Schlësselen a sengem Mond. De klengen Hond kuckt op de Kueder.

‘An wéi komme mir un déi Klensch? Mir sinn ze kleng, Beethoven!’

‘Penny, denks du, datt s du stallhale kanns?’

‘Firwat?’

‘Ech klammen erop,’ seet de Beethoven.

Éier den Hond protestéiere kann, klëmmt de Beethoven schonn op dem Penny säi Réck. Hien hëlt d’Schlësselen aus dem Penny sengem Mond eraus a steet op sengen hënneschte Been fir d’Klensch z'erreechen. De Beethoven probéiert den éischte Schlëssel, mee dee passt net. Hie wackelt an ass bal gefall.

‘Beweeg dech net Penny, hal stall!’

‘Entschëlleg mech,’ grommelt d’Penny.

Hie keimt, leet eng Patt widdert d’Dier fir sech ofzestäipen a probéiert nach eng Kéier. De Schlëssel passt an d’Schlass a mat engem grousse KLICK geet d’Dier op.

Mee de Beethoven, dee sech mat senger Patt un der Dier gestäipt huet, fält och an de Büro a bonzelt iwwert den Tapis. D’Penny kickelt iwwert de Kueder, deen elo ganz verdrësslech ausgesäit. De Beethoven fronzt seng Stier an d’Penny seet: ‘Entschëlleg, Beethoven. Wat maache mir elo?’

‘Okay, elo musse mir erausfannen, wéi mir de Computer uschalten.’ De Beethoven leeft bei de grousse groe Computer am Eck vum Büro an d’Penny geet him no. Si stoppe virun der Tastatur, an da schloen de klengen Hond an deen ausgeloossene Kueder mat hire Patten all Knäppercher déi si kënne gesinn. Op ee Coup blénkt eng wäiss Luucht um Ecran. De Computer ass un! Et stinn iergendeng Wierder um Ecran, déi de Beethoven net liese kann.

‘Hm, mir brauchen ee Passwuert,’ seet d’Penny.

‘Du kanns liesen?! Wéi ass dat?’

‘Heiansdo langweilen ech mech, also ech hunn dat geléiert… Ech kann och tippen!’

‘Abee…’

‘Wat kéint d’Passwuert sinn?’ freet d’Penny.

‘Dat weess ech net. Probéier ‘Poulet-ass-lecker’!’

D’Penny tippt konzentréiert.

FALSCHT PASSWUERT. PROBÉIERT NACH ENG KÉIER.

D’Penny keimt. Da kritt hatt eng Iddi - hatt tippt nees eppes, an da steet um Ecran:

WËLLKOMM!

‘Mir sinn dran!’ kickelt hatt.

‘Bravo, Penny! Wat war d’Passwuert?’

‘MdmThilges1234, natierlech!’

No nach méi tippe vum Penny a klicke vum Beethoven (Kuederen hunn ee Bezich zu Mais), packe si et, hiert Zil z’erreechen. De Kueder an den Hond hunn hir Besëtzer ganz vill vermësst, säit dës op d’Universitéit gaange sinn. An dir hätt sollen dem Sarah, dem Cian an dem Meg hir Gesiichter gesinn, wéi dee klengen Hond an den opgedréinte Kueder op hirem Ecran erschéngt sinn, matzen am online Meeting vum mëndleche Cours…