Mir kommen eng drëtt Kéier op de Bauerenhaff vun dem Blëtzpäerd an dem Superham zréck, dank der Aarbecht vun dem Jamie, dem Jonny, dem Kate, dem Rivka an dem Rowan. Zesummen hu si nach e spannenden Deel vun dëser Geschicht geschriwwen, an där d'Déiere mat Hëllef vun enger ganz besonnescher Figur aus Lëtzebuerg de béise Bauer Jovis Bohnson austricksen...
Et war e vereenten Dag op dem Bauerenhaff. Den Himmel war komplett bedeckt, wéi et dacks an England ass. D’Déiere stounge beieneen ënnert dem Scheierdaach. D’Blëtzpäerd koum besuergt eran.
“Mir hunn ee grousse Problem,” huet hien anoncéiert, “ech hunn héieren, datt geschwënn nees eng Juegd op de Fuuss organiséiert wäert ginn!”
“Oh Mei! Oh Mamm! Mir mussen dem Reginald Bescheed soe fir hien ze warnen!” hunn d’Déiere geruff.
Obwuel hien e Fuuss war, war de Reginald e Frënd vun all den Déieren. Säit säi Papp a seng Mamm op enger Fuussejuegd ëmkomm waren, huet hien eleng a sengem Bau an dem Bësch niewent dem Bauerenhaff gewunnt. D’Déieren hunn sech op de Wee gemaach, a wéi si beim Reginald sengem Bau ukomm sinn, hu si un d’Dier geklappt.
De Reginald souz an enger Fotell a sengem Bau, an huet eng Taass Téi gedronk. A senger Hand hat hien e rout Buch: Comrade Corbyn: A Very Unlikely Coup. Hien hat e groussen, ale Brëll mat enger Rumm aus Drot op der Nues, an e Gilet aus mofem Samett un. An der Giletstäsch hat hien eng rout Poschett, an ëm den Hals eng Krawatt mat Punkten. Hien huet d’Buch a säi Brëll op den Dësch geluecht, hie stoung op, an huet d’Dier opgemaach.
“Ach, meng Frënn! Wéi kann ech iech hëllefen?” huet de Fuuss gefrot.
“Am Fong, vläicht kënne mir dir hëllefen…” huet d’Blëtzpäerd ugefaang.
“Wéi dann?” huet Reginald besuergt gefrot.
“Mir komme mat enger schlechter Noriicht. An e puer Woche wäert et eng Fuussejuegd ginn,” huet d’Päerd eescht erkläert, “ a mir wëllen dir hëllefen.”
De Reginald krut Tréinen an d’Aen. Säi Kapp gouf iwwerschwemmt mat Erënnerunge vum Doud vu sengen Elteren. Hie wosst net, wat hien an déi aner Déiere maache kéinten. Mee du koum him eng Iddi!
“Ech kennen eng Persoun, déi eis hëllefe kéint!” huet hien annoncéiert, “mäi Cousin de Renert aus Lëtzebuerg! Zu Lëtzebuerg goufe Fuussejuegten 2015 verbueden. Mir kënnen hie froen, wéi si et do gemaach hunn. Hie wäert frou sinn, fir eis ze hëllefen!”
D’Déieren hunn decidéiert, dat et eng gutt Iddi war, a mat dem Reginald zesummen hu si en Telegramm geschriwwen, an op Lëtzebuerg fortgeschéckt. De Reginald wosst, datt hien op dem Renert seng Hëllef ziele konnt, wann hie bis Bescheed wosst iwwert d’Situatioun op dem Bauerenhaff.
Et huet een Dag gedauert, bis den Telegramm zu Lëtzebuerg ukoum a säi Wee bei dem Renert säin Haus um Belair fonnt huet. De Renert war eng Ikon zu Lëtzebuerg an hie war ganz beléift, well hien eng literaresch Figur war a well hien de Leit zu Lëtzebuerg dacks gehollef huet. Eng Kéier huet hien esouguer Fridden tëschent den Däitschen an de Lëtzebuerger Fiiss negociéiert: hie war e flotten an houferege Fuuss, a ganz anescht wéi säi Cousin de Reginald, dee scho säit ëmmer flappseg an holpereg war. Mä dem Renert seng gréissten Errongenschaft war, dass hien 2015 och bei dem Verbuet vun der Fuussejuegd gehollef huet. Dofir ass hien eng Ikon ginn, an dofir konnt hie sech och ee schéint Haus um Belair leeschten.
Dem Renert säi Butler huet him den Telegramm bruecht. Säin Numm war Butler Jacques an hie war e loyale Fräsch, deen scho säit ëmmer fir de Renert als Butler geschafft huet. All Dag huet hien e schwaarze Kostüm mat Krawatt ugedoen, well hien esou schick wéi de Renert wollt sinn. Hie war besonnesch houfereg well hien ëmmer gutt gestylt war. De Butler Jacques war e gudde Butler, ouni deen de Renert net méi liewe konnt...
“Ah Merci, Butler Jacques” huet de Renert gesot, “kéints du mir och mäi Kaffi bréngen, w.e.g.?”
“Natierlech, Monsieur Renert” huet de Butler Jacques geäntwert, “Mä vläicht wier et besser, wann Dir den Telegramm séier duerchliest? … et steet “NOUTFALL!” drop”
De Renert huet den Telegramm direkt gelies. Do stoung:
“Léiwe Cousin Renert,
Noutfall! Ech brauch deng Hëllef! Mir hunn ee grousse Problem an England! An e puer Woche wäert eng Juegd op de Fuuss beim Bauer Jovis Bohnson stattfannen. De Jovis Bohnson ass ganz béis mä och ganz mächteg a mir sinn dat net! Wat solle mir maachen?
Ech wier ganz frou, wann s du an England kéints kommen (w.e.g.), fir äis ze hëllefen! Mir brauchen deng Weisheet! Komm sou séier wéi méiglech!
mat frëndlechen an verängschtegte Gréiss, däi Cousin Reginald.”
“Oh mammelikanner! JACQUES! Pak meng Wallissen! Ech ginn haut nach an England!” huet de Renert gebierelt.
Kuerz dorop huet de Butler Jacques d’gepaakte Wallissen donidden erbäigeschleeft, a schonn hu si sech op de Wee fir op de Findel gemaach. Um Fluchhafe konnten d’Leit hiren Aen net gleewen, et war tatsächlech de bekannte Renert dee sech do laanscht d’Schlaang virun der Security gedréckt huet, a kuerz drop vun der Stewardess eng Plaz an der éischter Klass offréiert krut. E puer Stonne méi spéit ass de Renert an England gelant, a kuerz duerno war hien och schonn um Bauerenhaff.
De Reginald war ganz frou fir de Renert endlech ze gesinn, a si hu sech géigesäiteg ëmäerbelt. De Renert wousst, datt den Doud vum Reginald sengen Elteren dem Cousin nach ëmmer vill ausgemaach huet.
“Maach dir keng Suergen, Cousin” sot de Renert.
“Ech sinn hei fir dir ze hëllefen an zesumme maache mir dat hei an d’Rei, ee fir all Mol”
D’Fiiss hu keng Zäit verschwent - si hu beschloss all d’Déieren zesummenzebréngen, déi och änlech Problemer an der Vergaangenheet geléist haten. Den Entourage bestoung aus dräi Persounen: do war de Superham, deen amgaange war, Trüffelen z’iessen, d’Blëtzpaerd, deen, oniwwerraschend dat éischt Déier war, dat am Fuussebau ukomm ass, a si goufen och vum Daisy, dem Nopeschmeedchen, begleet. **No villen Diskussiounen hunn d’Déieren dem Reginald an dem Renert empfuelen, mat dem Winston, dem Jovis sengen Hond, ze schwätzen. Hien huet d’Bauerenhaus gutt kannt, a kéint hinne weiderhëllefen. (dësen Deel feelt an der Opnahm/ this part is not included in the recording)**
Et war scho spéit, wéi d’Fiiss d’Haus erreecht hunn a si misste ganz roueg a virsiichteg sinn, fir net gesinn ze ginn.
De Reginald huet un dem Winston senger Hondsklapp getockt.
“Kommt eran, ech hunn iech erwaart.” huet eng Stëmm vun hannert der Dier gebillt, an d’Fiiss hu sech erageschlach.
De Winston souz op senger Fotell. Hie war ee mockelegen Hond, a säi Pelz war hell brong mat wäiss um Bauch. Op sengem Dësch stoung en Äschebecher voll mat gefëmmten Zigarwutzen. De Winston huet seng Zigar ugefaangen, wärend deem hien d’Fiiss ganz nodenklech nogelauschtert huet. Wéi d’Fiiss fäerdeg waren, mat erzielen, huet de Winston endlech eppes gesot.
“Ech, meng Hären, hunn eng Iddi. Kuerz virun der Juegd vertausche mir d’Lomp, déi d’Juegdhënn brauchen, fir d’Spuer vun de Fiiss ze fannen….”
De Reginald war ganz interesséiert an huet seng Ouere gespëtzt.
“...mir kéinten d’Lomp mat eppes vum Jovis vertauschen, wat heesche géif, datt de Jovis selwer vun den Hënn gejot géif gi wa si senger Spuer noginn.”
De Reginald a de Renert hunn d’Iddi fantastesch fonnt. Villäicht wier et hier eenzeg Méiglechkeet fir d’Fuussejuegd ze stoppen, wa si de Jovis mat sengen eegene Mëttele géinge schloen.
Den Dag virun der Juegd hunn de Reginald, de Renert an de Winston sech an d’Schlofkummer vum Jovis Bohnson geschlach. Si si laanscht eng Kopie vum Buch The Bad Boys of Brexit: Tales of Mischief, Mayhem & Guerrilla Warfare in the EU Referendum Campaign gelaf an hunn dem Jovis seng Nuesschnappescher am ieweschten Tirang vu senger Komoud fonnt. Wann déi dräi net zesumme geschafft hätten, wier et schwéier gewiescht, fir un den Tirang ze kommen. Mee de Reginald an de Renert hunn eng Raiberleeder gemaach, an esou krut de Winston, wann och mat bësse Krämpes, e Nuesschnappesch ze packen. Wéi si erofgaange sinn, huet de Reginald d’Lomp fir d’Fuussejuegd am Schaf mat dem Nuesschnappesch gewiesselt. Alles war elo fäerdeg fir de groussen Dag.
De nächste Moien sinn all d’Déiere fréi opgestan an hu sech bei dem Reginald senge Bau versammelt.
“Beroueg dech dach Reginald” huet d’Superham mat lueser Stëmm zum Reginald gegrunzt, deen nervös op an of duerch de Bau gelaf ass.
“Alles ass ënner Kontroll!” sot d’Blëtzpäerd zouversiichtlech.
Just dee Moment goung d’Dier vum Bau op, an de Renert ass elegant erageschlach.
“Ech hu just e puer lescht Virbereedunge fäerdeg gemaach” sot hien. “Kommt, elo gi mir all eraus fir äis dee Spektakel unzekucken”.
All d’Déiere sinn dem Renert op d’Feld nogaangen, an hu verstoppt hannert e puer Hecken op de Jovis a seng Hënn gewaart. De Reginald ass nach ee Moment méi laang doheem bliwwen, an huet eng lescht Kéier op d’Foto vun him a sengen Elteren gekuckt. Hien huet déif duerchgeotemt, an ass bei seng Frënn op d’Feld gejauft.
No e Puer Minutten hu si eng haart Tut héieren an de Jovis Bohnson a seng rau Hënn sinn op si zou galoppéiert komm. Hien hat eng Filzkaap un mat engem karéierten Hiem, engem Khaki Gilet a Gummisstiwwelen. De Jovis ass schwéier vu sengem Päerd erofgerutscht, an huet sengem Assistent e klenge Pak aus den Hänn gerappt. Aus dem Pak huet hien d’Nuesschnappesch geholl. D’Déieren hunn hiren Otem ugehal, wéi de Jovis den Hënn d’Nuesschnappesch gewisen huet. D’Hënn hunn äerdeg gericht a geschnoffelt, fir d’Spuer vum Nuesschnappesch opzehuelen.
“Fäerdeg…..Allez, lass!!” huet de Jovis Bohnson gejaut.
Fir d’éischt ass näischt passéiert. D’Hënn hunn hie virwëtzeg ugekuckt.
“Op wat waart dir? Allez, fannt d’Fiiss!” huet de Jovis insistéiert.
D’Hënn hu sech gekuckt, da si si lues een nom aneren op de Bauer zougaangen. Elo huet de Renert ugefaang ze laachen an huet mat triumphéierender Stëmm gejaut “Fäerdeg…Allez elo!”.
D’Hënn hunn ugefaang ze billen, a sinn op de Jovis Bohnson duer gelaf. De Jovis Bohnson ass esou erféiert, dass hie Kreesch gedo huet a fortgelaf ass. Wéi all d’Déieren doriwwer gelaacht hunn! Kuerz drop ass de Jovis Bohnson erëm an d’Direktioun vun den Déieren zréckkomm, d’Hënn nach ëmmer hannert him.
“STOPP!” huet de Renert den Hënn zougeruff.
D’Hënn sinn direkt stoe bliwwen, an de Jovis Bohnson ass virun den Déieren erschëpft zesumme gaang. Elo ass de Renert hannert der Heck eraus komm.
“Dat huet net sou vill Spaass gemaach, oder?” huet hie gelaacht. “Elo kanns du gesinn, wéi onfair a grausam dat alles fir äis Fiiss ass”.
De Jovis Bohnson huet mam Kapp gewénkt: “Do hues du Recht” huet hie getuddelt “ech si nach ëmmer ganz ausser mir vun Angscht.”
Op een Zoch, huet de Reginald ugefaangen ze kräischen.
“Ca va Reginald ? Wat ass lass?”, huet de Renert gefrot.
All déi aner Déiere waren duercherneen. Si hate gewonn, firwat war de Reginald traureg?
“Entschëllegt dass ech kräische” huet de Reginald gewéimert “Meng Eltere si goufe jo op enger Fuussejuegd ëmbruecht. Dëst ass den Haaptgrond, firwat ech wëll, dass d’Fuussejuegd verbuede gëtt. Ech wëll am Fong net kräischen, mä ech kann et net gleewen, dass mir dësen Trick hei fäerdeg bruecht hunn”.
“Ech si ganz houfereg op dech, Reginald. Ech si houfereg fir däi Cousin ze sinn”, huet de Renert duuss gesot.
All d’Déieren hu vu Freed geklappt. De Reginald huet mat Tréinen an den Ae gelaacht. “Merci, meng Frënn, villmools Merci.”
De Jovis Bohnson huet alles héieren, wat de Reginald gesot hat, an hien ass op d’Déieren duerkomm. Hien huet seng Filzkaap ausgedo.
“Reginald, ech sinn doudonglécklech dass du vu menge Fuussejuegten en Affer wars. Ech hu ni doru geduecht, wéi et ass, fir gejot ze ginn, a wéi eng Konsequenzen dat fir d’Déieren huet. D’Fuussejuegd ass allze schlëmm a grausam, dat kann et net sou virugoen. Elo verstinn ech datt et almoudesch an net richteg ass. Mä, ech verstinn nach ëmmer net, wéi hutt dir mech ausgetrickst?”
De Renert huet gelaacht. “Mir hunn d’Lompe vertosch. Dat do war däi Nuesschnappesch.”
De Jovis huet an d’Hänn geklappt. “Ech muss schonn zouginn… Felicitatioun alleguer! Wat eng clever Iddi! Elo realiséieren ech, datt d’Fiiss keng Plogeeschter sinn, mee ganz raffinéiert an engagéiert Déieren… Ech wäert probéieren, fir méiglechst vill ze hëllefe fir ee Verbuet vun der Fuussejuegd am Parlament duerchzekréien. Ech hunn do e puer Kontakter. Kënnt dir mir verzeien?”
All d’Déiere sote jo, an de Jovis war erliichtert. Allerdéngs huet d’Blëtzpäerd sech nach komesch gespuert.
“Firwat gëtt et net eng Platz, wou mir eis Gefiller a Probleemer deele kënnen? Mir musse méi matenee schwätzen”.
“Effektiv. Mir musse probéieren, fir eppes un der Situatioun ze änneren”, huet d’Superham gesot.
“E Forum?”, huet de Renert proposéiert. “Dat kéint iech eng Plattform ginn, fir méi mateneen ze schwätzen an ze diskutéieren!”
All d’Déiere ware mam Renert d’Accord, a méi spéit dat Joer, gouf et den éischte Forum um Bauerenhaff. Esouguer de Jovis huet op dem Forum matgemaach, an zesummen hu si Proposen ausgeschafft, fir ze probéiere fir d’Fuussejuegd ze verbidden. Zanterhier ass de Bauerenhaff eng méi sécher Plaz, an de Forum ass ee grousse Succès ginn. De Bauer Jovis huet d’Déieren aus dem Forum esouguer eng Kéier mat op Westminister geholl! Firwat? Fir ze presentéieren, wéi ee grousse Succès de Forum um Bauerenhaff hat, a fir hier Argumenter géint d’Fuussejuegd ze presentéieren.