Lëtzebuergesch Kreativ

Wëllkomm um Site

Op dësem Site kënnt dir Geschichten op Lëtzebuergesch liesen a lauschteren, déi vu Studenten zu Sheffield erfonnt a geschriwwe goufen.

Zu Sheffield gëtt et zanter 1995 de Centre for Luxembourg Studies - hei gëtt net nëmmen iwwert Lëtzebuerg a seng Sproochesituatioun recherchéiert, mee och Lëtzebuergesch geléiert! D'Studente kënnen am Cours 'Luxembourgish Language and Culture' d'Lëtzebuergesch Sprooch léieren, a méi iwwert d'Land a seng kulturell a sozio-politesch Aspekter léieren. Am 'Advanced Luxembourgish' Cours ginn dës Kenntnesser weider verdéift, an als Deel vum sproochlechen Aspekt kënnen d'Studente Lëtzebuergesch kreativ asetzen andeem si selwer eng Geschicht erfannen, schreiwen, an ophuelen.

Hei kënnt dir méi iwwert de Centre for Luxembourg Studies erausfannen.