Housen-Tannheim

Hei gëtt alles dragesat wat matt den > intern ze doen huet an interessant ass fir Member

Salut léif Bikecollegen,

leider konnte mir wärend eiser Tour vun Housen op Tannheim iech keng Andreck matdeelen.

Trotz genauer Plannung an Preparatioun sin dann awer méi Iwwerraschungen

komm wéi geduercht.

D'Längt vun den Etappen waren méi lang wéi geplanngt, Fuerzäit ass domat

automatisch méi lang gin an d'Wieder huet sein Deel mat dobei gedrô.

Déi eischt Etappe ass vun Housen aus iwwer Echternach ;Wasserbëlleg; Saarburg op Saarbrücken gang.

Vun Housen aus huet den Tom eis begleedt an vun Bettenduerf aus huet den Aloyse, Heintz, Steve, Guy, Mill an den Tom eis bis op Saarburg begleedt.

Dofir iech een decke Merci.

Zu Saarbrücken unkomm hatte mir 167,3km an 800 hm op der Lee stoen.

Déi 2 Etappe ass vun Saarbrücken op Stoossbuerg gang an déi Etappe hat et an sech.

Nô 2 Stonnen lanscht den Canal de la Sarre hatte mir schon den veierten Platen an

vun Ufank un hat et riicht ran gereent an just 25 Kilometer hannert eis.

Am lâf vum Nometteg sollt Wieder dann awer besser gin.

Mee leider huet et dun eise Georges erwescht. An enger Descente ass hien ausgerutscht, mat e pur Schürfwonnen gung et dun weider.

Lanscht den Canal de la Marne iwwert Saverne hun mir dun no 183.5 km Stroossburg areecht.

Déi 3 Etappe sollt manner Spektakulär gin.

Bei relativ guddem Wieder an enger längt vun 145.3 km an 507hm hatte mir Basel no

6 Stonnen areecht.

Déi 4 Etappe huet eis bei summerlichen Temperaturen vun Basel aus lanscht den Canal du Rhône au Rhin op Rheinfelden um Rhein gefoert. Lanscht den Rhein (soguer mat den Féiss am Rhein) sin mir op Schaffhausen komm, wou mir bei den Rheinfällen eng Pause gemach hun.

Weider ass et dun no Konstanz gang, wou kurz fir un der Arrivée engt deck Donnerwieder eis iwwerracht huet. 173km an 1110hm konnte mir eis an eist Reessbuch schréiwen.

Klengen Tipp um Rand!! Sidd dir engkéier zu Konstanz dann besicht um Benedektinerplatz den Restaurant "Bonanza - Steak and more" onschéinbar awer mega gudd !!!!

Déi 5 an leschten Etappe ass direkt gudd ugang! Dem Armand seng Felge huet missen ersatt gin, den Georges huet sich Karte fir den Dag preparéiert(den Arnold hat seng Hausaufgabe net ganz gemach) an de Joe konnt praktisch näischt mam lenken Knéi ufänken. Mat enger halfer Stonne Verspéidung hun mir eis dun op den Wee gemach. Navigation war net so einfach an den Joe ass emmer rem weg gefalle.

Am spéiden Nomëtteg hun mir dun Sonthofe areecht. Nach just 35km an mir sin zu Tannheim. Mat leschter Kraft an Motivation hun mir eis op den Wee Richtung Oberjoch gemach. Eng Genial Monté, 7km, 4.9%Steigung an een néien Belag super.

Um Oberjoch ukomm war et net fir lang ze Pausen, engt Onwieder mat Sturmböhen sollt sich annoncéieren. Mat Vollgas an leschten Resérven sin mir dun rof an Tannheimer Tal op Tannheim gerannt. No 142.6km an 1629hm konnte mir eis an leschter Sekonde fir un Okranböhen an Mega Reen an der Garage vum Hotel an Secherheet brengen.

No 5 Deeg, 808.6km an 5077hm hatte mir eis Ziel zu Tannheim areecht.

Een Decken, Decken Merci dem Romain fir seng Assistance!!!!

Oni sein Bereetschaft an Asatz hätte mir et net gepackt.

Merci