Vir Memberen

Member ginn?

Vir Member ze ginn, einfach eisen Umeldungsformular ausfëllen an un info (at) ipa.lu schécken. Den Comité hellt dann Kontakt op betreffend da Demande.

Den järlechen Membersbeitrag beleeft sech op 15 Euro.



Du wëlls dech weiderbilden? 

Den Informatiouns aus Ausbildungszenter Schlass Gimborn (IBZ) an Däitschland ass den internationalen Trainings an Konferenzzentrum. Den Ausbildungsprogramm richt sech an éischter Linn un Polizisten aus allen Beräicher an Karriären. 

Als IPA Member kann een un den Formatiounen an Konferenzen deel houlen. 

Hei geet zur Iwwersiicht vun den Seminären.

Du wëlls reesen? 

Vir reesen an Ausland wou een op Hëllef vun aneren IPA Membere well zeréck gräifen ass extra en Formular ausgeschafft ginn. Dësen Formular soll hëllefen méi einfach an Kontakt ze kommen an Visitten oder Vakanzen an dem Land ze organiséieren an dobäi vun engem IPA Member ënnerstëtzt ze ginn.  Besonnescht vir Länner wou keen Englesch geschwat gëtt soll den Formular den éischten Kontakt hierstellen. W.e.g. een Mount virun da Rees un den nationalen Comité schécken.

Formular

Den Formular w.e.g. un ipacomite (at) ipa.lu schécken. Mir bestätegen das du IPA Member bass an schécken et dann un déi richteg Sektioun weider.