IPA Haus

IPA House Lëtzebuerg LUHQ

Housemanager

Laurent GRETSCH

Address:

84, rue Adolphe Fischer

L-1521 Luxembourg

Email: info (at) ipa.lu

IPA Haus

Eis Haus leit am Quartier Gare. Vun do kann een bequeem Staat ze Fouss besichen.  

IPA Stuff

Eis Stuff ass vir all Gäscht als Iessraum oder Treffpunkt disponibel 

Zëmmer

Dréi duebel Kummeren stinn zur Verfügung. 

IPA Haus:

Um éischten Stack ass dat nationaalt Sekretariat an eisen Versammlungsraum ënnerbruecht. Weider fënnt een do och IPA Stuff. Um zweeten Stack sinn dréi Kummeren mat jeeweils  2 Better an Buedzëmmer ënnerbruecht. Bezich sinn disponibel mee Handdicher missen Gäscht selwer mat bréngen. 

Detailer:

An da IPA Stuff ass eng kleng Kichen mat enger Kaffismaschinn, engem Frigo an zwou elektreschen Placken installéiert. Am ganzen Haus ass gratis Internet verfügbar. An da Stuff hunn ma och eng Televisioun.

Entourage:

IPA Haus leit am Zentrum vun da Staat am Quartier Gare, direkt niewent dem Commissariat Gare/Hollerech. Um Site sinn 4 Parkplazen disponibel.

Generel:

Haus ass just vir IPA-Memberen verfügbar. Präiser ob Ufro.

Noosten Bus-Arrêt ass "Rue de Strasbourg - Centre Etats-Unis" - Linn 19 (2 min ze fouss) oder  "Avenue de la Gare - Gare Al Avenue" - Linnen 4, 10. 13, 14, 18, 19, 23, 29, 94, 95, 98 (7 Min ze fouss) 

Déi nächsten Tram-Arrêt ass "Paräisser Plaz" an da  Avenue de la Liberté (8 Min ze fouss) 

Noosten Gare ass Gare Centrale op da Place de la Gare (8 Min ze fouss) 

Den nächsten Flughafen ass den Luxembourg Airport um  Findel,  vun do kennt een mam Bus 29 am beschten bei IPA Haus. Bus-Arrêt "Gare-Al Avenue - 16 Arrêten" (20 min Faart) 

Gratis ëffentlechen Transport 

Séit Mäerz 2020 ass den ëffentlechen Transport ze Lëtzebuerg gratis. Dogéint sinn Taxi allerdéngs deier.