De Renert oder de Fuuss am Frack an a Maansgréisst ass eng Fabel vum Lëtzebuerger Schrëftsteller Michel Rodange. Si koum am Joer 1872 fir d'éischt eraus an ass eng Adoptioun vum Goethe sengem Reineke Fuchs op Lëtzebuergesch, woubäi déi eenzel Personnagë déi Dialekter schwätze vun där Géigend, wou se hier sinn.
De Kinnek Léiw rifft all Déieren zesummen. De Fuuss Renert ass net komm; hien hat grad en Hong doutgemaach. Noenee ginn de Bier, de Kueder an den Dachs bei e geschéckt fir e bei de Kinnek ze bréngen; eréischt den Dachs huet domat Succès. De Fuuss gëtt zum Doud veruerteelt, mä ënner dem Gaalgen erzielt en dem Kinnek vun engem Schaz, deen hien zegutt hätt, a vun engem Komplott géint hien. Déi Beschëllegt ginn agespaart, an de Fuuss kënnt fräi. Kuerz drop mécht en den Hues dout.
De Kinnek rifft eng zweet Kéier d'Déiere beieneen. No de Kloe vum Kueb an der Kanéngchen decidéiert de Léiw, dem Fuuss seng Buerg ze stiermen. Den Dachs geet de Fuuss warnen. Hien erzielt em, wéi d'europäesch Herrscher iwwer de Leit hire Käpp ewech Staaten opriichten. Um Wee bei de Kinnek beicht de Fuuss dem Dacks eng ganz Rëtsch Mëssdoten. E beschwéiert sech, datt iwwerall d'Wollefsgesetzer gëlle géifen, a seet, datt hie sech dofir och sou behuele géif. Virum Kinnek fuerdert de Fuuss seng Géigner eraus. Hie gëtt nees geriicht, an alt nees erzielt en dem Kinnek vun engem Schaz. Duerno duelléiert e sech mam Wollef, gewënnt, a gëtt vum Kinnek zum Baron gemaach. All déi, déi géint hie waren, sinn op eemol nees gutt mat him. Se mierken net, datt de Renert elo vun hinne profitéiert.