D’Maus Ketti
D’Maus Ketti (oder och d’Maus Kätti) gouf am Joer 1936 vum Auguste Liesch publizéiert. Se ass déi wuel bekanntste Geschicht a Versform vun him. An der Geschicht geet et em eng Feldmaus, d’Ketti.
D'Ketti lieft zu Boermereng am Feld, en einfach a gesond Liewen. Et kritt Besuch vu senger Kusinn Mim aus Clausen. D'Ketti dëscht him Iessen op, dat dem Mim awer net schmaacht. D'Mim invitéiert d'Ketti dann an d'Stad.
An der Stad schläichen se sech an en Haus, a maachen sech iwwer e Buffet voller gudder Saachen hier. Mä op eemol taucht de Kueder Tunn op an déi zwou Mais kënnen am leschte Moment entfléien. D'Ketti, decidéiert, direkt erëm heemzegoen.