Boxemännchen
Boxemänncher
Ingredienten:
500g Miel
20 g Hief
2 EL Zocker
250ml Mëllech
10 g Salz
2 Eeër
100g Botter
1/2 Pudderzocker fir d’Glasur
Virbereedung:
Sou gëtt et gemaach:
Als 1. d’Miel an eng Schossel , e Laach dran drécken, do dann Hief, 1 EL Zocker a besse
Mëllech zu engem Virdeeg verréieren. Mat engem Kichenduch zougedeckt 15 min roue loossen. Dann d’Eeër, de Recht Zocker, de Recht Mëllech an de Botter dabei ginn, verréieren a knieden. 20 min goe loossen. Dono nach eng Kéier gutt duerch knieden, a kleng Portiounen opdeelen an zu flaach Wurschte formen, dann op de Bakblech leen. Lo formt der Männercher. Als 1. Mat engem Messer zwee diagonal Schnëtt ënne maachen, dat ginn d’Been. Dann uewen zwee Schnëtt
fir d’Ärem. Dann just nach de Kapp formen. Alles mat Eegiel besträichen. Mat Roséngen Aen
a Knäpp formen. Dann op 180° fir 30min Backen. Optional: 1/2 Taass Pudderzocker mat Waasser opléisen a besträichen.
Gudden appetit