1. Fir an der Schoul kënnen ze printen (oder Kopien ze maachen), muss du deng Schülerkaart um Automat bei der Conciergerie registréieren.
2. En Dokument wat geprint soll ginn, soll als PDF emgewandelt ginn (Export -> PDF)
3. Wann d'PDF um iPad op ass, einfach an der jeweileger App op Print drecken
4. Als Printer "LAML Printstation" auswielen.
5. Print drecken
6. Mat der Schülerkaart bei eng vun de Kopiesmaschinnen um Gank goen, Kaart widderhalen (aloggen) an Release Document drecken.