BIDIDU TEAM LËTZEBUERG
Dëst Joer ass den 10. BIDIDU TRAIL!!
26/05/22
Dofir hu mer éis 4 Strecken emgeännert, dir kënnt déi schéi Natur elo op 20Km, 30Km, 46Km oder 70Km geneissen,
mat neie Ravisplazen, natierlech mam gewinnte Luxus, frësch Pangescht an Espresso um Ravi "beim Preiss"
Eis Zebras si schon aus dem Stall a "brauen" fläisseg d'Drëppen a sammelen Gummibärchen fir iech
De Start ass vun 08:00 - 10:00 zu Bruch/Miersch um Foussballsterrain.
Startgeld sinn 8€/Streck, Umeldungen sinn den Dag selwer bei der Aschreiwung.
Bezuelen kënnt der Cash, per Bancomatskaart oder Digicash
Nom Tour kënnt der Duschen, de Mountainbike wäschen an eppes däfteges vum Grill ( och Vegetaresch ) iessen.
Infos zu de Strecken:
20Km mat 470Hm an 1 Ravi
30Km mat 630Hm an 1 Ravi
46Km mat 960Hm an 2 Ravi
70Km mat 1520Hm an 3 Ravi
special BIDI"WHO" Quiz Ride op den 30, 46, 70Km Strecken ( Infos dozou méi ënnen )
PICTURES ONLINE ( click on picture below )
Kontakt: bididuteam@hotmail.com