De Studenteclub Lëtzebuerger Studenten zu Tréier a.s.b.l., kuerz LST genannt, gouf 1979 an d' Liewe geruff a regruppéiert, wéi den Numm et scho verréit, d' Lëtzebuerger Studenten zu Tréier. D' Ziel vum Veräin ass et, sech fir d' Intresse vun de Lëtzebuerger Studentinnen a Studenten anzesetzen an hinnen och eng Rei Aktivitéiten unzebidden.
D’ORGANISATIOUN VUM LST
Un der Spëtzt vum LST steet de Comité, deen aus 9 Memberen besteet. D’Wiel vum Comité fënnt op der Assemblée Générale Ordinaire statt, déi all Juni ofgehale gëtt. Op der AG mëcht den aalen Comité e Réckbléck op dat vergaangent Joer an duerno gëtt e neie Comité gewielt. Am Comité gëtt et e President, en Trésorier, e Secrétaire a Memberen déi sech em eis Sports- an Kulturmanifestatiounen këmmeren. Dësweideren hun mir zwee Keessereviseuren an eng Reih Coptéen. D’ Haaptaufgaben vum Comité sinn de Club zesummenzehalen an Aktivitéiten ze organiséieren.
FIRWAT SOLLS DU MEMBER VUM LST GINN?
Als Member kriss du Kontakt mat den eelere Semesteren, déi bestëmmt deen een oder aneren Tuyau hunn an och gär bereet sinn, hiert Wëssen de jonke Studenten ze vermëttelen. Éischtsemesteren hu bekanntlech ëmmer déi selwecht Problemer, déi duerch eeler Studente schnell an onkomplizéiert geléist kënne gin. Natierlech bidde mir och eng ganz Rei vu Manifestatiounen un, wéi zum Beispill: Rallye, Staffellaf, Challengen iwwer d'ganzt Joer (Lasertag, Billiard, Bowling, Minigolf), Kleeschen, Beachvolleyball, Baler. D' Lëtzebuerger Studenten treffe sech, a lockerer Atmosphère, dann och all Dënschden op hirem Stammdësch. Do probéiere mir eis vum Studienalldag e bëssen ofzelenken. Ausserdem gi mir och eis Zeitung "Neies vun de Schangen" eraus, wou Wëssenswäertes, Reckblécker vun eisen Aktivitéiten an nach soss Kurioses drasteet. Am einfachsten ass et, Du kënns op eis Aktivitéiten, an Du léis dech vun der Atmosphère verzauberen. Du léiers dann och direkt eng ganz Rei nei an interessant Leit kennen. Natierlech hunn d’Membere vum Comité ëmmer Zäit fir Dir eng Äntwert op Deng Froen ze ginn. Also zéck net, wann nach eppes onkloer ass!
WÉI KANNS DU MEMBER VUM LST GIN?
Wëlls Du Member vum LST gin, dann iwwerweis d’Cotisatioun vu 15€ op dë folgende Bankkonto:
IBAN LU24 1111 7736 0025 0000
BIC: CCPLLULLXXX
Mam Vermierk: Memberskaart (+Joër) an däin Numm.
Oder du keefs deng Memberskaart ganz einfach bei engem Comitésmember.
Memberskaarte ginn et natierlech och op der Erstiversammlung, op eisem Stammdësch an op allen aneren Aktivitéiten ze kaafen.