** DEM KUEDER IGOR SENG AVENTÜREN an D'GEHEIMNIS VUN DE 7 LIEWEN **
Dem Kueder Igor seng Aventüren &
d'Geheimnis vun de 7 Liewen
ISBN : 978-2-9537281-2-5
copyright illustrations : LuxAnimation
240 Seiten - 14 Illustratiounen
16€
An d'Lëtzebuergescht gesat vum : Lex Roth
mat der Ennerstetzung vum Ministère de la Culture
Just viru Chrëschtdag huet d’Sara, e ganz couragéiert Meedchen, den Igor
kennegeléiert, e wierklech apaarte Kueder.
Bis op d’Sara schéngt et, wéi wann soss keen hie géing gesinn…
D’Geheimnis vun de 7 Kaze-Liewen ass a Gefor.
Eng Verréider-Kaz huet decidéiert, dem gréisste Feind vun der Kazen-Zort,
engem wéischte Waasserrat, e gewësse Rator Zibeticus, dat Geheimnis weiderzeginn.
D’Sara huet net laang gebraucht, fir sech vum Igor iwwerzeegen ze loossen,
fir mat him iwwer allméiglech Weeër a laanscht Waasseren duerch d’Land op d’Sich ze goen.
Do hunn iwwerall Gefore gelauert, mä si sinn net eleng an deer Saach bliwwen ;
hir Frënn si bäikomm, fir déi Missioun op e gutt Enn ze kréien.
Dëse Roman, deen sech an de mëttelalterleche Stied Lëtzebuerg an Iechternach ofspillt,
hëlt iech mat an eng Geschicht, déi sech genësseg an engem Streech
vu vir bis un d’Enn liest…Kazen-Éierewuert !
***
***
Trailer : Igor and the secret of the 7 lives
De Kueder Igor kaafen :
Dem Auteur schreiwen ?
Oder eng Critique op dëser Seit hannerlosen :