Eisen Chef

Den Tim Kleren (Joërgang 1982), ass Perkussionist, Batteur, Musikschargé, Dirigent an Komponist vu Beyren (Lëtzebuerg). An de folgenden Zeilen stellen mir iech eisen Chef kuerz vir:


Ausbildung zu Lëtzebuerg:

Seng musikalësch Ausbildung konnt hien an der Péitenger Musiksschoul, am Escher Conservatoire an spéiderhin och am Staater Conservatiore genéissen. Proffen ewéi: Paul Mootz, Serge Kettenmeyer, Alain Ginter, Carlo Jans oder Marco Pütz, a.v.m. hun hien op sengem Wee begleed.


Ausbildung an der Hogeschool Zuyd zu Maastricht:

Niewt senger Instrumentalausbildung zu Maastricht, (matt de Proffen Werner Otten an Peter Janssen, Ron van Statum) an den obligatorëschen Niewefächer (ënnert aanerem mamm: Jan Ezendam, Rik Bastiaens an Här Hendrix a.v.m...) huet hien sech och dunn fir Orchesterdirektioun op der Héichschoul beim renoméierten Prof. Jan Cober weiderbilde gelooss.

Hien konnt 2014 säin Bachelor respektiv 2016 säin Master-Diplom an der Harmonie-Fanfare-Brassband Direktioun (Hafabra-directie) matt bravur oofschléissen.

Während dëser Studienzäit, hat hien och d'Chance, en Abléck an den zäitgenëssëche Kompositiounskuer beim renoméierten Komponist an Professer Robert HP. Platz ze kréien, deen him och d Méiglechkeet gin huet, mam "Ensemble 88" vu Maastricht zesummenzeschaffen.


Chargé de cours an der Perkussioun/Battri:

Him wichteg ass och, dat weiderzegin, wat een geléiert huet, an dofir gëtt hien niewt sengem Studium an sengem Haaptberuf als Militärmusiker, vun 2001 bis 2007 zu Péiténg, an och zënter 2007 bis haut an der UGDA- Musikschoul, Kueren an der Battri an der Perkussioun.


Komponist:

Nodeems hien 2006 Chef vu sengem 1. Orchester gouf, an fir een Concert nët dat richtegt Ouverture's Wierk fir déi vorhanden Besetzung fonnt hat, huet hien kuerzerhand säin 1. Wierk fir Orchester geschriwwen. Zënterhir schafft hien matt Bronsheimmusic, Starmusicpublishing an sengem eegenen Verlag TimKlerenMusic zesummen. Säitdeem sin méi ewéi 40 Wierker fir Ensemble, Fanfare, Brass Band an Bloosorchester enstaan.

Ënnert aanerem gin seng Wierker och professionell zu Lëtzebuerg (Militärmusik a.v.m.), an der Belsch (Force Aérienne), Holland (EUYWO, Fanfare de Hoop-Stellendam), Däitschland (Blasorchester Eifel-Ardennen), Portugal (Banda Musical São Martinho-Valongo), Singapur (Air Force Band) an elo och zu Tokyo (Air Force Band) gespillt.


Orchesterdirektioun zu Lëtzebuerg an Ausland:

Zënter 2006 bis haut, ass hien ganz aktiv an der Orchesterdirektioun zu Lëtzebuerg. Erfahrung konnt hien ënnert aanerem sammelen bei der Société Philharmonique Larochette, der Greiveldénger Musik, der Ouljer Musik (interim), der Berdorfer Musik (interim), der Foulschter Musik (2012-2019) an aktuell och nach der Musek Concordia Rosport (2010-haut).

Säit dem September 2019, dirigéiert den Tim mat vill Passioun a Leidenschaft eis Menster Musek an hiren Jugendensembel “Blue Notes”.

Och am Ausland ass hien als Gaaschtdirigent (resp.Komponist) aktiv, ënnert aanerem säit 2016 beim EVEA- Orchester an 2019 bei der "Banda Musical São Martinho" vu Valongo - Portugal.


Link op dem Tim seng Homepage: https://www.timkleren.com/

Carousel imageCarousel imageCarousel image