D'Schëtter Musek ass en Harmonie-Orchester mat iwwer 50 Musikanten an Musikantinen
ënner der Leedung vum Här Rudi De Bouw.

Fir déi Jonk Museksfrënn hunn mir eng Jugendmusek déi den Moment iwwer 20 Leit befaasst an
vum Här Romain Kerschen dirigéiert gëtt.

Fir déi Plazen wou mir ze grouss sinn gëtt et d'Strëpp.
Mat 15 bis 20 Leit spillt si op Duerffester an Veranstaltungen an
suergt domat ëmmer neess fir gutt Laun an Stëmmung.

D'Prouwen vun der Harmonie sinn all Donneschten vun 20:00 bis ongeféier 22:00 Auer,
déi vun den Jongbléiser Freides vun 17:30 bis 18:30 Auer.
(Ausser an den Schoulvakanzen)




 



Spillt Dir een Instrument?
Hudd Dir Loscht zesummen mat aneren Museksbegeeschterten ze musizéieren?

Bei eis ass jiddereen Wëllkomm.
Dofir kommt roueg lanscht an spillt mat eis.
An eisem Kalenner fannt Dir eis Aktivitéiten an Prouwen.

Fir weider Informatiounen oder wann Dir Froen hudd kënnt Dir eis roueg uschreiwen
( schettermusek@gmail.com )
oder Iech bei engem vun eisen Comités Memberen mellen.









EISE COMITÉ



NummFonktioun an der MusekResponsable firComitésmember
Jean-Paul Schaul President Koordinatioun  
Fernand Schumacher Vizepresident Nouten, Transport  
Jeannot Raach Éirepresident Musekssall, Museksbau  
Mike Nies Caissier Finanzielles  
Pol Schummer Secrétaire Kommunikation extern & intern, Museksinstrumenter, Strëpp  
Christian Alzin Comitésmember Homepage, Jugend  
Fernand Sassel Comitésmember Sponsoring  
Jean-Jacques Zeimes Comitésmember Archivage  
Jean-Marie Fischer Comitésmember Archivage  
Jean-Paul Alzin Comitésmember Koordinatioun Quetschefest  
Kees Van Heesen Comitésmember Publicitéit  
Ketti Fischer Comitésmember Kontakt Jongbléiser, Jugend  
Liette Modert Comitésmember Cadeaux, Blummen, Uniformen  
Marc Guillaume Comitésmember Restauratioun  
Marianne Schummer Comitésmember Kommunikatioun intern, Uniformen  
Tun Ronck Comitésmember Jugend  
Monique Guillaume Kontakt Museksschoul UGDA Museksschoul  
Romain Kerschen Dirigent Schëtter Jongbléiser   
Rudi De Bouw Dirigent Schëtter Musek   
Es werden 19 Elemente von Seite Liste angezeigt, sortiert nach , Numm. Mehr anzeigen »