Éislecktour - 2012.07.08

https://docs.google.com/open?id=0B_rGndPIerr_UmxiMVpVdUJOdGM

Strecken 1A - 2B - 3C - 4D - 5E - vun der Éislecktour den 08.07.2012

Strecken hunn ganz liicht geännert,

amplatz op Sassel fueren mir lo direkt op Boxer an vun Weicherdang fueren mir lo rof op Mecher an dann op Wëlwerwolz.

Um Héichtenprofil an un den Kilometer ännert sech sou gutt wéi näischt vis à vis vum leeschten Joer.

Déi Leit déi selwer mam "gpsies.com" schaffen wëssen, dass Héichtenmeteren net ëmmer ganz richtig sinn,

dofir hei Héichtenmeteren vum Garmin Edge 800.

Streck 1A - 34km - 400hm Départ 07h30 bis 11h00 1RAVI 3€ Faarf.: giel

Streck 2B - 63km - 875hm Départ 07h30 bis 11h00 1RAVI 5€ Faarf.: blo

Streck 3C - 92km - 1500hm Départ 07h30 bis 10h00 3RAVI 7€ Faarf.: gréng

Streck 4D - 113km - 1780hm Départ 07h30 bis 10h00 3RAVI 7€ Faarf.: rout

Streck 5E - 145km - 2500hm Départ 07h30 bis 10h00 4RAVI 9€ Faarf.: schwaarz

Départ Centre Culturel zu Housen

Eis RAVIen wéi ëmmer mengen mir op alle Fall net déi schlechst am Vëloskalenner!

Eise Sponsoren soen mir villmools MERCI

Ravien powered by

Vill Spaass beim fueren wënschen ech Fairbikers vun Housen.

Jiddereen de Matfiert kritt den Ziedel mat vu sengem gewielten Tour.

Dir musst just entweder Faarf; Ziffer oder de Buschtaf verhalen vun ärem Tour fir Strecken-Deelungen net ze verpassen!

Op dem Ziedel stinn déi wichtegst Uertschaften,weini RAVIEN kommen an Streckenprofiler.

Hoffentlich net oft gebraucht eis Telefonsnummere fir den Depannage!