Firwat elo eng nei Editioun (4. Version, 2014)? Scho jorelang sinn ech mat techneschen Etuden fir dës Editioun, a scho méi wéi e Joer mat der Duerstellung vum Projet an Text a Bild beschäftegt. Direkten Ausléiser fir dës Publikatioun war den Här Claude Wiseler, Minister fir Nohaltegkeet an Infrastrukture selwer, wéi hien 2011 zwou nei Ausriichtungen vun der Transportpolitik bekannt ginn huet: A) Verzicht aus Käschtegrënn op d'Eisebunnsstreck Iergäertchen - Kalchesbréck - Findel - Aérogare - Kierchbierg/Foire, B) Bau vun enger Eisebunnshalt op der Nordstreck ënner der „rouder Bréck“, mat "Standseelbunn" op de Kierchbierg-Plateau. Ech war der Meenung, dass déi nei Ausriichtungen och eng Chance bidde géifen. Méi am Détail kann een dat noliesen am Kapitel 3.3 an 3.4 vun der Broschür. Stéchwieder dozou e. a. "duebelstäckegen Tunnel" mat Optiméirungen beim Bauen, Aspuerung vu Platz a Verbëllegung. Doriwwer eraus gëtt et Ofzweigungen ouni Kräizung op gläichem Niveau mam Géigeverkéier an Uschlëss a Richtung Norden, Süden, Westen a Südwesten. All dat ass an de Kapitelen duerno ausféierlech duergestallt.
Watfir Reaktiounen erwaarden ech mir vun dëser neier Oplag? Ech erwaarden mir, datt meng Proposen zur Kentnis geholl ginn (net taktesch ignoréiert - wéi 1999-2003), datt jiddereen Zäit kritt, se ze liesen a sech seng eege Gedanken driwwer ze maachen, an datt duerno eng sachlech Diskussioun ka gefouert ginn (anescht ewéi zënter 2003 bis haut).
Ech géing mir och wënschen, datt allgemeng akzeptéiert gëtt, datt bei de Froen wou et em d'Zukunft vum Land geet, och Bierger hir Meenung soen dierfen, déi net onbedéngt an der politescher an administrativer"Hackordnung" ganz uewe stinn. D'Recht meng fräi Meenung soen ze dierfen, reklaméiren ech och fir mech, als Bierger a Steierbezueler. Konkret proposéiren ech, den Haaptmanquo vum lëtzebuergeschen Eisebunnsréseau ze behiewen, dat heescht datt an déi Haaptverkéiers-Artären vum Land an och iwwer d'Grenzen ewech, och dat wichtegst Ballungsgebitt, nämlech d'Stad Lëtzebuerg, mat agebonne gi muss - als Eisebunnstunnel ënner der Stad. De proposéierten duebelstäckegen Eisebunnstunnel Dummeldeng - Lamperbierg - Stadzentrum - Gare Centrale mat Rampen a Richtung Süden (Beetebuerg), Westen (Arel) resp. Südwesten (Péiteng) sollten an de Programm vum "Fonds du Rail" opgeholl ginn. Déi nei Versioun vun der Brochure Projet BB kann hei erofgeluede gin: Deutsche Version: Projekt BB (Bus-Bunn) - Version 2014 Version française: Projet BB (Bus-Bunn) - Version 2014
Merci georges schummer
PS: nach e puer Informatiounen un d'Press: - All Texter a Biller aus der Broschür därfe reproduzéiert ginn, wann se net ofgeännert a wa se mat den Indikatiounen iwwer d'Quell publizéiert ginn. - Biller kënnen HEI vum Internet erofgeluede ginn - Texter, aner Biller oder zousätzlech Informatiounen kann ech op Nofro iwwer Email georgesschummer@busbunn.net am doc-Format zréck mailen. |