Invitatiounen

Gala-Concert 2009

posted 17 May 2009 14:21 by Pol Schummer

De 6. Juni spille mir eise Gala-Concert.
Hei ass d Invitatioun

9. Mee: Galaconcert vun der Fanfare Sandweiler

posted 4 May 2009 10:59 by Pol Schummer

Galaconcert vun der Fanfare Sandweiler: PLAKAT

9. Mee: Bouneweger Musek spillt den Ofschlossconcert vum Centenaire vun der Fanfare „La Réunion“ Hueschtert

posted 4 May 2009 10:54 by Pol Schummer

Bei eis hun si e supper Concert gespillt. Dat wäert dës Kéier secher net anescht sin.

9.5. an 10.5.: Gala Concert zu Eilereng

posted 23 Apr 2009 00:50 by Pol Schummer

Léiw Musekfrenn,

Heimmadder sidd Dir ganz härzlech op eis nei Editioun vun eisem Gala Concert "Windows of the World" zu Eilereng am Kulturschapp enner dem Thema "American Dreams" invitéiert.

Zesumme mam Gesangssolist Marco Planca vun den CC-Riders huet onse Musekchef Marco Turci erem e flotte Programm op d'Been gesaat wou fir jiddereen eppes derbäi misst sin.

Hei derbäi de Flyer an de Programm wou Dir all wieder Détailler iwwer eis 2 Manifestatiounen fannt.

Mär hoffen iech kennen zu Eilereng begréissen ze kennen.
Mat musikaleschen Gréiss,

Jean-Jacques Rieff
Präsident

25.4. Garnich

posted 21 Apr 2009 07:24 by Pol Schummer

D'Garnecher Musek invitéiert Iech ganz häerzlech op hire Concert "Music with Friends" de Samschden 25. Abrëll 2009 um 20:00 Auer am Veräinshaus zu Garnech.

Mir spillen dëse Concert zesumme mat der Harmonie Moutfort-Medingen an den Erléis ass fir den TéléVie.
Mat beschte musikalesche Gréiss,
De Comité
Pompiers-Fanfare Garnich

26.4. Diddeleng

posted 21 Apr 2009 07:22 by Pol Schummer   [ updated 21 Apr 2009 07:24 ]

D'Harmonie Municipale vun Diddeleng invitéiert op 2 Concerten de nächsten Sonndeg, 26 Abrëll 2009 dest am Centre Culturel "opderschmelz" zu Diddeleng
 

11.00 Auer      Concert-Apéro           offréiert vun der HMD Big Band

17.00 Auer      The Spirit of Celtic    offréiert vun der Philharmonie Municipale Diekirch
 

Entrée fir desen Concert ass 10,00€. Ticket'en kennen reservéiert ginn per Mail op der Adresse    ticket@hmd.lu oder um Telefon 51 87 31 zweschend 16.00 an 18.00 Auer.

Special Guest bei desem Concert ass d'Luxemburg Pipe Band       

1-6 of 6

Kontakt:

Kontakt:
schettermusek@gmail.com

Eis Kontosnummer

Harmonie de la Commune de Schuttrange
CCRA - LU03 0090 0000 0415 2518