Aktuelles

1. Mee am Bësch

posted 2 May 2012 02:33 by Schëtter Musek

Dëst Joër hu mir op eisem Meekranz Besuch kritt vun RTL Telé Lëtzebuerg.
Si hun eng flott Reportage gemaach. Kuckt iëch se emol un:
http://tele.rtl.lu/waatleeft/replay/v/20120501/0/61277/

18. Mee 2012: Gala Concert zu Minsbech

posted 26 Apr 2012 02:37 by Schëtter Musek   [ updated 26 Apr 2012 06:20 ]

 
E Freideg, den 18. Mee spille mir GALA-Concert:
 

Kommt all kucken, et gett gudd!

Hei ass de Programm:



Neien Dirigent: de Rudi de Bouw

posted 4 Jan 2012 12:32 by Schëtter Musek

D'Schëtter Musek huet en neien Dirigent: Vum Januar 2012 un steet de Rudi de Bouw um Dirigentepult vun der Schëtter Musek.
Mir wënschen him an eis vill Freed, flott Prouwen a gudd Concerten zesummen.

Dem Romain Hoffmann, deen eis Musek déi läscht 24 Joër dirigéiert huet, soë mir VILLMOLS MERCI FIR ALLES a wënschen him weiderhin vill Erfolleg bei sengen zukünftege Projeten.



Quetschefest

posted 20 Jul 2011 13:46 by Schëtter Musek

Léif Musikantinnen a Musikanten, léif Elteren,

Dëst Joer organiséiere mir schon eist 36. Quetschefest, wou mer aus 90 Zenner Quetsche Quetschekraut maachen, dat mir duerno verkafen. Et ass dem Veräin seng Haptrecette, also eng enorm wichteg Aktivitéit fir d‘Schëtter Musek. Mir sin op d’Hëllef vun méiglechst ville Leit ugewisen. Kuckt Iech also w.e.g de Kalenner un a kuck, wéini et dir geet. Merci fir Är Präsenz!

Gala-Concert den 18. Juni

posted 5 May 2011 10:42 by Schëtter Musek   [ updated 24 May 2011 10:54 ]

Den 18. Juni ass Gala-concert vun der Schetter Musek.
Kommt alleguer, et gett gudd!


Kanner enner 12 Joer komme gratis eran.

Entréesticketen gin et bei alle Musikannten. Dir kennt awer och Tickete reservéieren: schettermusek@gmail.com

Ausflug op Bréissel

posted 19 Apr 2011 03:08 by Schëtter Musek

Vum 28. bis den 29. Mee fuere mir op Bréissel.

Hei e puer Informatiounen iwwert eis Rees

 
Et verspirechen 2 flotter Deeg ze gin, a mir wiere frou wann dir zu méiglechst vill gifft mat fueren.

Natiirlech däerft dir och äre Partner, är Kanner a.s.w mat huelen, si si jo schon dachs genuch alleng doheem, wa mir mat der Musek ennerwee sin.

Mellt Iech w.e.g séier un, andeem dir är Participatioun BIS DEN 1. MEE op de Compte vun der Musek iwwerweist.

12.3.: Concert: Imperial College Wind Band & Schëtter Musek

posted 3 Mar 2011 03:09 by Schëtter Musek   [ updated 3 Mar 2011 03:22 ]

Mir invitéieren Iech all op de
Concert vun der Schëtter Musek
an der
Imperial College Wind Band
vun London

Samschdeg, den 12. Mäerz 2011
um 20 Auer
an der Sportshal vum Centre Culturel ze Minsbech

Dirigenten:
Gilly French
Romain Hoffmann

Fräien Entrée
 
D'Plakat fannt dir hei ennendrenner:

INVITATIOUN

posted 7 Nov 2010 05:49 by Schëtter Musek   [ updated 22 Nov 2010 11:37 ]

CONCERT SPIRITUEL vun der SCHËTTER MUSEK


Hämmelsmarsch zu Schëtter

posted 7 Nov 2010 05:47 by Schëtter Musek

Grouss Kiirmes 2010

Sonndes, den 21. November ass déi grouss Schëtter Kiermes. Dofir sinn d’Musikantinnen an d’Musikante vun der Schëtter Musek samschdes den 20. November an de Stroossen ënnerwee a spillen hiren traditionellen Hämmelsmarsch. Fir 10€ spille mir Iech och nach en anere Klassiker: ‘t ass Kiermes am Duerf.

Mir hoffen, Iech e Samschdeg ze gesinn a wënschen Iech eng schéi Kiermes.

D’Schëtter Musek

Hämmelsmarsch zu Schraasseg

posted 7 Nov 2010 05:44 by Schëtter Musek

Éiter a Schraasseger Kiermes 2010

De Weekend vum 13.-14. November ass Kiermes vun der Par Éiter-Schraasseg. Dofir sinn d’Musikantinnen an d’Musikante vun der Schëtter Musek e Samschdeg Mëtteg, den 13. November an de Stroosse vu Schraasseg ënnerwee a spillen Iech hiren traditionellen Hämmelsmarsch. Fir 10€ spille mir Iech och nach en anere Klassiker: T’ass Kiermes am Duerf.

Mir hoffen, Iech e Samschdeg ze gesinn a wënschen Iech eng schéi Kiermes.

D’Schëtter Musek

1-10 of 23

Kontakt:

Kontakt:
schettermusek@gmail.com

Eis Kontosnummer

Harmonie de la Commune de Schuttrange
CCRA - LU03 0090 0000 0415 2518